SPEND ANGIE - E Liewen am Auto - d'Meedche mat MCS
Donation protected
Jiddereen deen d’Angie finanziell ënnerstetzen well kann iwwert dës Spendenaktioun en Don maachen. Sain Appel un RTL war nët geduecht fir e Spendenopruff ze lancéieren mee haaptsächlech fir iwwerhaapt eng Chance ze kréien sou schnell wéi méiglech eng Wunnéng ze fannen, déi senger Situatioun entsprecht an nët méi mussen dobaussem am Auto ze liewen. Op Nofro vun deenen villen Demanden gëtt dës Aktioun gestart fir datt déi Léit déi dem Angie trotzdem op dës Art a Weis hëllefen wëllen, och kënnen eng Spend maachen, sief ët fir sech kënnen e neien Camper ze leeschten, Startkapital ze hun oder medizinesch Käschten ze bezuelen. All Ennerstëtzung an all Hëllef ass wëllkomm.
D’Angie bedankt sech sech ganz haerzlech fir all Geste an seet iech am Viraus Merci.
Reportage vum RTL -> ANGIE E Liewen am Auto d Meedche mat MCS
D'Angie huet 28 Joer an leit ënner MCS, enger chronescher Ëmweltkrankheet.
Mat de Joren ass seng Sensibilitéit op Gëftstoffer, déi et duerch Nues anotemt ëmmer méi schlëmm ginn. Haut flücht d'Angie virun allen Doftstoffer a lieft a sengem Auto, déi eenzeg Plaz, un déi hatt sech gewinnt huet an déi fir hatt erdrobar ass. Säin “Clean-Room” wéi et selwer beschreift.
Ech ka keng Mënschen méi richen!
D'Angie ka keng Mënsche méi richen oder éischter dat, wat Mënschen u sech hunn: Seefen, Parfumen oder Wäschmëttel. Well den MCS-Patienten hire Gerochssënn am stännegen Training ass, kënne si och besser riche wéi aner Mënschen, Mënschen, déi dee Sënn net sou benotzen. Dat zu hirem Ongléck, well dee klengste Geroch ka bei hinne schwéier Symptomer ausléisen.
Wat ass MCS?
MCS kënnt vun "Multiple Chemical Sensitivity", wat souvill heescht wéi "villfälteg chemesch Sensibilitéit" oder Empfindlechkeet.
MCS ass eng schwéier chronesch Multi-System-Erkrankung, bei där Betraffener op allméiglech chemesch Gerécher, mat deels schwéiere Symptomer reagéieren. Schonn déi klengste Konzentratioune vun lëftege Chemikalien, déi fir aner Mënsche kaum ze riche sinn, kënne bei MCS-Kranke méi oder wéineger schlëmm Symptomer ausléisen. Dacks sinn et Allergien, déi sech deels iwwer de ganze Kierper oder am Mond-Beräich ausbreeden. Vill MCS-Patiente bekloe sech iwwer Daarm-Problemer wéi Krämp an et kann zu Asthma-änleche Krise kommen, begleet mat Otemnout.
Ëmwelt-Patienten, déi un der Spëtzt vum Äisbierg sinn, sou wéi d'Angie, evitéiere meeschtens all Kontakt mat Mënschen an zéie sech zeréck, dacks an Natur. Si probéieren allen Gerécher ze entkommen. D'Krankheet ka medezinesch nogewise ginn a baséiert net op enger psychologescher Basis, obwuel dës Komponent dacks als Konsequenz dobäi kënnt.
MCS kann ausgeléist ginn duerch eng ze héich Konzentratioun oder Expositioun, meeschtens vu Léisungsmëttel oder Pestiziden. Dat ass den Ausléiser. D'Konsequenz duerno ass eng Iwwersensibilitéit vun alle méigleche Gerécher, a klengste Quantitéite vun allen Originnen, sief dat Botzmëttel, Parfumen, Wäschmëttel, Seefen, Zigarettendamp, Léisungsmëttel oder d'Ofgase vun den Autoen. MCS-Patiente reagéieren och op vill Materialie vun onser Baukultur.
Ëmweltkrankheeten hei zu Lëtzebuerg
D'Thema Ëmweltkrankheeten ass eng Thematik, déi och haut ëmmer nach polemiséiert. Och wann d'Weltgesondheetorganisatioun schonn e gudden Deel vun den Ëmweltkrankheeten unerkennt, gëtt et ëmmer nach Mënschen, déi dorunner zweiwelen. Och d'Krankekeesen di sech nach ëmmer schwéier, fir Betraffenen ënner d'Äerm ze gräifen, fir Traitementer ze rembourséieren oder Statuten ze accordéieren.
D'Weltgesondheetsorganisatioun klassifizéiert haut vill vun de bekannten Ëmweltkrankheeten an hire Register. Allerdéngs net als eegestänneg Krankheeten, mee si ginn an d'Kategorie vun den Allergië gesat. Fir dass eng Ëmweltkrankheet unerkannt gëtt, brauch et eng Rei Punkten, déi mussen erfëllt ginn, fir dass eng Krankheet och unerkannt gëtt. Ons Keese froen deemno zu dëse Punkten och eng gewësse Beweisféierung, fir Medikamenter an Traitementer ze rembourséieren a fir Statuten ze acceptéieren. Dës Beweisféierung ass laangwiereg an extrem Käschtenintensiv.
Sou chronesch Krankheete wäerte an der Zukunft ëmmer méi zouhuelen a fir de ganze Gesondheetssystem e wesentleche Käschtepunkt duerstellen.
Eng gutt Präventiounspolitik, e legale Kader a Strukturen, déi Ëmweltpatiente kënnen diagnostizéieren an duerno och suivéieren, wiere sécher de richtege Wee, fir spéiderhin de Gesondheetssystem finanziell z'entlaaschten a fir betraffene Mënschen ze hëllefen.
Ech kréien keng Hëllef
D'Angie hat wärend zwee Joer de Statut als Handicapéierten, deen et awer elo wéinst der schwiereger Beweisféierung ewech geholl krut. Seng Krankheet gëtt ëmmer méi schlëmm well et keen Auswee huet a keng Plaz, wou et sech kann ausrouen a recuperéieren. De Wanter an engem Auto verbréngen, ouni Heizung, huet d'Angie dozou bruecht, seng Situatioun Public ze maachen, op der Sich no dréngender Hëllef.
Léisungen
D'Krankheet ass net heelbar, mee kontrolléierbar. MCS-Erkrankter brauchen en Expositiounsstopp an eng Plaz, wou si net belaascht ginn. Fir d'Angie en Dram, dee wäit ewech ass. Eng propper Caravanne oder Roulotte, e Container oder en Zëmmer, dat fräi vu Gëftstoffer wär, ass d'Léisung. Mee wou gëtt et dat, hei am Land freet sech dat 28 Joer jonkt Meedchen?

Organizer
Kyra Klein
Organizer