- C
- C
LU:
1950 kruten d'Beetebuerger Pompjeeën e Läschwon (LF) op engem Ford-Chassis. Dëse Won huet de Beetebuerger Pompjeeë jorelaang Déngscht geleescht, bevir en un d'Ausland verkaf ginn ass. 2005 hunn d'Beetebuerger Pompjeeën de Won nees zeréckkaf, leider war en do an engem schlechten Zoustand.
Am Kader vum 125. Anniversaire wëll d'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën dëse Won nees restauréieren an him op enger zentraler Plaz zu Beetebuerg en neit Liewe ginn. Fir dës Restauratioun esou gutt wéi méiglech realiséieren ze kënnen, si mir op Ënnerstëtzung ugewisen. Mir soen iech MERCI fir all Ënnerstëtzung!
FR:
En 1950, les pompiers de Bettembourg ont reçu un nouveau véhicule d'incendie sur un châssis Ford. Ce véhicule a été déployé pendant des années comme véhicule principal des pompiers de Bettembourg. Cependant, il a été vendu à l'étranger après son service, avant que les pompiers de Bettembourg l'aient racheté en 2005. Malheureusement, il se trouvait entre-temps dans un mauvais état.
Dans le cadre du 125e anniversaire des pompiers de Bettembourg, l'amicale des pompiers de Bettembourg veut restaurer ce véhicule et lui donner une nouvelle vie sur un emplacement marquant à Bettembourg.
Cependant, afin de pouvoir réaliser cette restauration, nous sommes à la recherche de donateurs, qui veulent soutenir ce projet!




